Wäermt an Dréchent zu Lëtzebuerg: Wat sinn d'Ursaachen?

An den läschten Wochen an Deeg kënnt ëmmer méi oft d'Fro op, wat de Grond fir den anomalieräichen Verlaf vun den zwee Summerméint Juni a Juli 2018 ass. Dës Fro wëll ech hei mathëllef vun enger kuerzer meteorologescher Analys versichen ze beäntweren. All d'Anomalien oder d'Moyennen an dësem Artikel bezéien sech op d'klimatologesch Referenzperiod vun 1981 bis 2010.

Mir kucken eis emol fir d'éischt d'Nidderschlagsbilanz vum Fréijoer an Europa un (Bild 1 lénks). Di meescht Regiounen haten d'Nidderschlagsquantitéiten, déi der klimatologescher Moyenne entsprach hunn oder deels liicht drënner/driwer loungen. Méi staark Anomalien konnten iwwert der Iberescher Hallefinsel registréiert ginn, wou et vill méi naass wéi gewéinlech war. Iwwert dem Südwesten vun Norwegen konnt dogéint eng markant negativ Nidderschlagsanomalie festgestallt ginn. Speziell zu Lëtzebuerg konnt eng Zweedelung festgestallt ginn: Am Osten méi naass an am Eisleck liicht méi dréchen par Rapport zur Moyenne (Source). Am Juni sinn dann europawäit däitlech méi staark Anomalien opgetrueden (Bild 1 riets). Iwwert Deeler vun Südwest- an Südosteuropa ass méi wéi dat Duebelt vun den normale Reequantitéiten erofkomm. Am Géigesaz dozou koum et zu engem signifikanten Nidderschlagsdefizit iwwert den Briteschen Inselen, Benelux, Däitschland, Südskandinavien an dem Baltikum. Zu Lëtzebuerg huet et haaptsächlech an der éischter Halschent vum Juni zum Deel immens vill gereent duerch konvektiv Aktivitéiten (cf. Iwwerschwemmungen am Mëllerdall), déi zweet Halschent ass quasi komplett dréchen verlaf. Dës Dréchent huet sech am Juli dann an den genannten europäeschen Regiounen nach eng Kéier verstäerkt. Am Grand-Duché sinn zwar punktuell normal Reequantitéiten duerch Wiederen erofkomm (Source), mä op der Majoritéit vun de Plazen war et vill ze dréchen. Zu Iechternach ass beispillsweis just 1,8 Liter Reen op den m² gefall (Source)!





Bild 1

De Grond fir dëse Manktem u Reen an den läschte Méint iwwert villen Regioune an Europa erkënnt een beim Bléck op d'Anomalien vun der Geopotentialverdeelung an der mëttlerer Troposphär (ca. 5500 m Héicht). Di läscht 3 Méint waren all vu staarken positiven Geopotentialanomalien am Beräich vu Mëtteleuropa geprägt. Souwuel am Mee wéi och am Juli war dës markant Anomalie ongeféier iwwert Skandinavien zentréiert - am Juni iwwert den Briteschen Inselen (Bild 2).


Bild 2

Wat bedeiten dës Anomalien? Engersäits sinn se en Indikator fir länger Perioden mat Héichdrockafloss, wéi mer se eben di läscht 3 Méint erlieft hunn. Anerersäits hunn dës Anomalien awer och dofir gesuergt, datt d'Polarfront inklusive Jetstream an ongeféier 9 km Héicht wäit a Richtung Norden (bis 80°N) gedréckt gouf (Bild 3; Hinweis: D'Band mam staarke Wand iwwert Nordafrika an dem Orient ass den Subtropenjet). Dat heescht, datt mer et mat sougenannten Blocking-Wiederlagen ze dinn hunn/haten. Dat quasi-stationärt héicht Geopotential iwwert den Briteschen Inselen oder Skandinavien huet di nordatlantesch Déifausleefer mam Nidderschlag an den meeschte Fäll a Richung Norden oder Nordosten ofgeblockt.


Bild 3

Firwat et zu dësen Blocking-Wiederlagen komm ass, dat kann een den Ament nach net zefriddestellend beäntweren. Eng wichteg Roll kéint dobäi den Nordatlantik gespillt hunn. Am Fréijoer bis elo an de Summer eran huet sech eng interessant Tripol-Anomalie bei den Mieresuewerflächentemperaturen vum Nordatlantik entwéckelt (Bild 4). Südlech vu Grönland an virun der westafrikanescher Küst ass d'Mieresuewerfläch momentan méi kill par Rapport zur Moyenne, do dertëscht gëtt et eng gréisser Regioun mat enger méi waarmer Waasseruewerfläch. Temperaturanomalien um Nordatlantik kënnen laangfristeg gesinn duerchaus en Afloss op d'Wiederlag an Europa hunn (Source).

Bild 4

Datt di rezent Hëtzt an der leschter Juli-Dekad an elo Ufank August zur Dréchent gefouert hunn ass also komplette Quatsch. Di Hëtzt koum iwwregens och net aus Süden. Wann ee sech z.B. d'Trajektorien fir den 27. Juli (Tmax vun ronn 37 °C zu Lëtzebuerg) ukuckt, gesäit een datt d'Loftmassen iwwert dem Grand-Duché hiren Ursprong gréisstendeels aus méi nördlechen (!) Regiounen haten (Bild 5). Außerdem muss eng regional Loftmassenerwiermung net ëmmer duerch advektiv Prozesser - also de rengen horizontalen Transport - zustanekommen. Di thermodynamesch Gläichung an der Meteorologie beseet nämlech, datt och Vertikalbeweegungen an d'Strahlungsbilanz op enger gréisserer Raum- an Zäitskala zu Temperaturännerungen féiere kënnen, wat am Beräich vun héijem Geopotential bzw. Héichdrockgebitter duerchaus relevant Prozesser kënne sinn. Och en Defizit u Buedemfiichtegkeet kann zu méi héijen Temperaturmaxima an 2 m Héicht féieren, vu datt dann den Stroum vun der latenter Wäermt par Rapport zur sensibler Wäermt däitlech reduzéiert ass. Dat war zum Beispill och e wichtege Facteur bei der Hëtztperiod Ufank August am Joër 2003 (Source) an héchstwahrscheinlech och dës Kéier.
Den Summer 2018 war bis Mëtt Juli och haaptsächlech vu Maximaltemperaturen tëscht 25 an 30 °C geprägt. Zu Steesel am Uelzechtdall goufen et am Juni 12 Summerdeeg (Tmax > 25 °C) an dovunner genau 2 Deeg mat Hëtzt (Tmax > 30 °C) . Am Juli waren et 28 Summerdeeg, inklusive 7 Hëtztdeeg. Wat d'Hëtzt ugeet, war dësen Summer bis elo definitiv nach net aussergewéinlech. Di bis dato gréisser Unzuel u Summerdeeg - zustanekomm duerch d'Blocking-Wiederlagen - suergt trotzdem fir en aktuell iwwerduerchschnettlech waarmen Summer.


Bild 5

No comments:

Post a Comment