FAQ Convective Outlook

Als amtlech Wiederwarnung ass e Convective Outlook net geduecht, vu datt de Lëtzebuergesche Wiederdéngscht MeteoLux dofir zoustänneg ass. Den Outlook, dee fräiwëlleg verfaasst gëtt, soll als fundéiert a sachlech Diskussioun vum bevirstoenden Donnerwiederrisiko fungéieren.

De Jargon, deen an den Texter gewielt gëtt, ass bewosst méi komplex wéi deen an engem normale Bericht iwwert d'Wieder um Fernseh oder Radio. Et gëtt och virausgesat, datt den interesséierte Lieser di op den éischte Bléck net verständlech Begrëffer am Lexikon nokuckt. Als Virbild déngen d'synoptesch Texter vun ESTOFEX.

E klengen Iwwerbléck vun de Kritären, déi fir de jeeweilege Risiko Level noutwenneg sinn:

RISIKO LEVEL 1:
Gréisser Probabilitéit ( 50 %) fir d'Optriede vu lokalen Donnerwiederen, déi staarke Reen an/oder kleng Knëppelsteng (bis 1 cm) an/oder stiermesch Wandstéiss (bis 75 km/h) produzéiere kéinten.

RISIKO LEVEL 2:
Gréisser Probabilitéit fir d'Optriede vun Donnerwiederen, déi lokal kräfteg ausfale kéinten. Dobäi kéinte Reequantitéiten tëscht 15 an 25 mm innerhalb 1 Stonn an/oder Knëppelsteng bis 3 cm an/oder Wandstéiss bis 90 km/h optrieden.

RISIKO LEVEL 3:
Héich Probabilitéit fir d'Optriede vun Donnerwiederen an eng gréisser Probabilitéit fir d'Optriede vu lokalen Onwiederen. Dobäi kéinte Reequantitéiten tëscht 25 a 40 mm innerhalb 1 Stonn an/oder Knëppelsteng bis 5 cm an/oder Wandstéiss bis 120 km/h optrieden.

RISIKO LEVEL 4:
Héich Probabilitéit fir d'Optriede vun Donnerwiederen an eng gréisser Probabilitéit fir e verbreet Optriede vun Onwiederen. Dobäi kéinte Reequantitéiten iwwert 40 mm innerhalb 1 Stonn an/oder Knëppelsteng iwwert 5 cm an/oder Wandstéiss iwwert 120 km/h optrieden.

Dës Definitioune sollen am Allgemenge just als Richtlinn ugesi ginn. Jee no Wiederlag oder Interpretatioun vun der Numerik kann et zu Ofwäichunge kommen, déi dann awer am Text explizit erwähnt ginn.

Fir d'Verfaassung vum Convective Outlook gi folgend numeresch Wiedermodeller benotzt:
  • GFS (Globalmodell vum Amerikanesche Wiederdéngscht)
  • ECMWF (Globalmodell vum Europäeschen Zentrum fir mëttelfristeg Wiederprevisiounen)
  • ICON (Globalmodell vum Däitsche Wiederdéngscht)
  • HIRLAM (Regionalmodell vum Hollännesche Wiederdéngscht)
  • COSMO-EU (Regionalmodell vum Däitsche Wiederdéngscht)
  • EURO4 (Lokalmodell vum Britesche Wiederdéngscht)
  • WRF 4 km (Lokalmodell vum Janek Zimmer, baséiert op GFS)
  • WRF 3 km (Lokalmodell vu MeteoGroup, baséiert op ECMWF)